Nujee, ech hu mech op dëse Weekend gefreet. E ganzt Joer hat ech geplangt um groussen Mustang Meeting zu Bad Mondorf deelzehuelen. Muer Sonndeg dann mat gudde Frënn e Restaurantbesuch mat enger Moulefrupps. An e Méindeg den Owend sollt ech meng alleréischt Virliesung zu Déifferdeng an der Bibliothéik halen.
Elo huet Corona mir e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Am Testzentrum sinn ech positiv getest gi, nodeem ech 5 Deeg krank wéi en Hond war. Ab gläich 5 Deeg Quarantäne.
All meng Pläng sinn vun engem Moment op den aneren hifälleg. Wee weess vir wat et gutt ass. Zoufall gëtt et net. Vläicht hätt ech de Mötteg um Wee vir op Mondorf en Akzident mat mengem Pony. Vläicht verpassen ech muer eng Partie verduerwen Moulen am Restaurant. Schlussendlech entginn ech vläicht engem Attentat op en groussen Schrëftsteller wärend senger Virliesung. Keen, ausser dem do uewen weess et.
An elo séier ënner Decken, éier ech de Computer mam Corona Virus ugestach hun